roudeleiw

« INITIATIV ROUDE LEIW»

D'Initiativ « Roude Léiw » ass eng spontan Reaktioun op de Gesetzvirschlag vum 5. Oktober 2006 vum Deputéierte Michel Wolter fir de „Roude Léiw“ zu eisem Nationalfändel ze maachen.

Pétitiounslëscht mat iwwer 26.500 Ënnerschrëften un d’Chamber.

D’Initiativ „Roude Léiw“ huet den 12. Februar 2007 dem Chamberpresident eng Pétitiounslëscht mat 26.600 Ënnerschrëften iwwerreecht, di zanter dem 23. Oktober 2006 iwwer Internet oder Lëschten am ganze Land gesammelt goufen. Dausenden Autocollants goufen verdeelt.

D’Initiativ seet alle Leit villmools Merci fir des massiv Ënnerstëtzung, di et an dëser Form zu Lëtzebuerg wuel nach net gouf.

Domatter mécht d’Initiativ d’Ënnerschrëftelëscht no 3 ½ Méint erëm zou.

Wéi geet et weider ?

Säit dem 15. Abrëll 2009 ass de Michel Wolter Administrator vun dëser Säit.
Hien sicht no Roude Léiwen an der ganzer Welt.
Dir kënnt hien erreechen ënnert www.miwolter.lu an op Facebook.
Ween un Autocollant'en vum "Roude Léiw" interessiert ass kann sech un déi selwecht Adressen wenden.

Visiten

Op dëser Internetsaït waren schon 228445 Visiteuren säit dem 22.10.2006
<h1>Roude Léiw</h1>
copyright Initiativ Roude Leiw